One for change youngcaritas

Fashion swap by youngcaritas

De ‘Fashion swap’ vu youngcaritas ass méi ewéi just eng vu Jonken organiséiert Kleedertausch-Party. Jiddereen*t bréngt min. 1 bis max. 10 Kleedungsstécker mat, kritt dofir Jetone mat deene si sech fir déi selwecht Unzuel Kleeder dierfen huelen. Wat si dobäi un Saache matbréngen an duerno amTausch mathuelen ass egal. Wichteg ass just dass nëmme propper a ganz Kleeder an der Entrée ugeholl ginn! Véier non-profit Partien hu mir 2023 an 2024 an Zesummenaarbecht mat den Rotondes an eisen DJ’s vun Kollektiv Wohnung organiséiert. Dobäi hate mir ëmmer tëscht 110 an 150 Entréeën. Plus ee Swap am Jugendzentrum am Quartier fir hir Porte ouverte 2023. Bei der leschter Editioun an der Buvette vun de Rotondes hu mir och eng éischte Kéier een Repair Café mat ugebueden. Um Enn vun all Joer hu mir mat den iwwregbliwwe Kleeder nei Aktioune kreéiert. Am Dezember 2023 hu mir mam ‘Fashionforward’ Clientë vum Courage, dem Bistrot social zu Bouneweg, mat ëm 50 Kleedungsstécker beschenkt. Ee Joer méi spéit hu mir ënnert anerem engem Fraenhaus Kleeder fir Fraen a Kanner gespent. D’Ziler sinn nieft dem Erméiglechen vun der participativer Gestaltung vun engem eegenen Projet bei youngcaritas, d’aktiivt Engagéieren ander Gesellschaft. Hei duerch een nohaltegt Virgoen géint de Konsum vu Fast Fashion a sengem Deel zur Ëmweltverschmotzung an dem Klimawandel.