One for another Jugendhaus Mutfert - Anne asbl

Bewegte Pause

Ziel vum Projet war et mat deene Jonken eppes aus ze schaffen, dat de beanträchtegte Bewunner vum Pensionat St. Joseph zu Betzder kéint hëllefen, e bëssen aktiv ze ginn an zesinn, och wa si net esou mobil sinn, ewéi mir.

Zesummen hunn mir d’“bewegte Pause“ op gestallt. Dëst sinn 3 kleng Bichelcher mat jeeweils Übungen zu den Themen „Atmung“, „Dehnen“ an „Kraft“. D’Bichelcher sinn esou opgestallt,dass een, pro Säit, fir jeeweils eng Foto vun der Übung huet an hannendrop fënnt een dann eng kleng Erklärung, wéi déi jeeweileg Übung soll duerch gefouert ginn. De Groussdeel vun den Übunge ginn am Sëtzen gemaach, esou dass se och Rollstullgerecht sinn. Mir hunn eis fir eng Foto plus Text entscheed, fir dass d’Übung usech méi einfach ze verstoen ass, rsp. Dass een d’Ausgangspositioun gutt versteet/erkennt an d’Übung esou gutt wéi méiglech kann aus-/duerchféieren.

De Projet hat natierlech e puer Etappen an huet am Joer 2023 gestart. Mëtt 2024 konnte mir eis Kaarten dann dem Pensionat iwwerreechen.

Mir hunn eis fir d’éischt iwwert d’Aschränkungen an d’Besoinen vun de Bewunner informéiert. Awer och iwwert de Besoin vum Service a wéi dat ganz am Idealfall soll ausgesinn. Doropshi sinn Übungen zesumme gestallt a Fotoe gemaach an Texter verfaasst ginn. Duerno war dann nach d’Mise en Page um Programm. Genau esou wéi d’Drucken,Schneiden a Plastifizéieren, dass eis Kaarten och esou laang wéi méiglech halen.