One for change KJT (Kanner- Jugendtelefon)

Chatberodung vum KJT

Kennt dir de KJT? Ëmmer wa Jonker e Problem, eng Suerg, oder ee fir ze schwätze brauchen, si mir do. Iwwer d’Joren hunn sech eis Berodungsdéngschter ugepasst un d’Bedürfnisser vun de Jonken. Esou sinn iwwer d’Zäit all des Servicer entstanen: den 116111 Kanner-Jugendtelefon, d’Online Help, den Elterentelefon, souwéi d’BEE SECURE Helpline a Stopline.

Nieft all dëse Servicer stelle mir iech eisen nationale Peer-to-Peer Service fir: D’Chatberodung.
D’Chatberodung ass eisen neie’sten Déngscht! D’Team vun der Chatberodung besteet aus 12 engagéierten Chatberoder.innen. D’Chatberodung ass e Projet vu Jugendlecher am Alter tëschent 18 an 28 Joer fir Kanner a Jugendlecher.
Dat besonnescht vun der Chatberodung ass d’Berodung vu Jugendlecher fir Jugendlecher ouni intensiv Beroderausbildung, mee op der Grondlag vun hiren eegenen Erfarungen a Matgefill.
D’Zil vun dësem Déngscht ass et, datt Kanner a Jugendlecher méiglechst einfach, gratis, anonym a vertraulech sech Hëllef siche kënnen.

Eis Jugendberoder sinn all Dënschdeg vun 18 bis 21 Auer a Begleedung vun engem Chatcoach fir iech do.

Eis engagéiert Jonker leeschten e wichtege Bäitrag an der Präventioun souwéi och d’Verbesserung vum Wuelbefanne vun de Jonken.